Museumsbunn mat Damplokomotiven an Dieselloks am Fond-de-Gras, am Süden (Minett) vum Lëtzebuerger Land. Den Train 1900 am Fond-de-Gras:
Huelt Plaz an de Prënzer-Voituren a loosst Iech vum Charme vun der Vergaangenheet verzauberen. Mat Volldamp geet d'Rees vu Péiteng duerch déi onverkennlech Landschaft vum südlech-westleche Lëtzebuerg, duerch Wisen a Felder, verwënschte Bëscher, iwwert de Fuussbësch an de Fond-de-Gras
Saison 2025: all Sonndes a Feierdeeg vum 1. Fahrplan 2025: https://www.train1900.lu/horaire-regulier/
De Point de départ vum Train 1900 zu Péiteng ass an der Nidderkuerer Strooss. Klass 12€,
Kanner 5-11 Joer: 1. Klass 12 € / 2. Klass 10€. (Kanner vu 0-4 Joer gratis)
Hënn: nëmmen 2. Klass, a gratis. Där kënnt och eng Draisine fir 20€ lounen: Detailer https://www.train1900.lu/evenements/
Am Fond-de-Gras selwer besteet d'Méiglechkeet nierft Dampflokomotiv an Diesel och eng hellewull vu restauréierte Voituren a Gidderween ze besichtegen, déi een an deene verschiddenen Halen a baussen ausgestallt sinn. A firwat net en Trëppeltuer duerch déi schéi Natur oder iwwert den Tëtelbierg mat enger Zuchfahrt verbannen. Duerno kann een an der Buvette, resp. op der Terrass vun der Gare den Dag bei engem killen Humpen ausklénge loossen. Op Ufro fuere mär och Sonderfahrten mat Damp oder Diesel; och mat Visite Guidéeën. Net ze vergiessen d'Dréischeif, déi zesumme mam neie Lokomotivschapp a Waassertuerm e Bléck zréck an d'Vergaangenheet vum Eisebunnsbetrieb vermëttelen. Mir wiere frou, wa mir Iech mat ärer Famill / Frënn am Fond-de-Gras begréissen dierften. Méi Infoen fannt Dir op: www.train1900.lu