teachsdebal.lu a.s.b.l.

teachsdebal.lu a.s.b.l. Teach's de Bal ?! All zweete Freiden am Joer zu Miersch an der Fabrik. teachsdebal.lu ass eng A.s.b.l.

vum Mierscher Léierpersonal, déi 1 mol am Joer e Bal organiséiert a mam Gewënn d'Grondschoul Miersch an awer och aner karitativ Zwecker ënnerstëtzt

Lost and found
10/01/2026

Lost and found

08/01/2026

E klenge Creux? D' Mierscher Pompjeeën asbl suerge fir de Catering muer um Teach's de Bal: sief et e Burger, e Wupp oder eng Portioun Fritten...kee muss hongreg heemgoen!

07/01/2026

Teach's de Bal 19

5 DJs, 3 Beräicher, 3 Musékstiler

den Online Virverkaf ass zou! Läscht VVK Tickets an der Fabrik oder beim Teacher vum Vertrauen! An 48 Stonne geet et lass!

06/01/2026

SAVE THE DATE! 09.01.26 TDB XIX
5 DJs, 3 Beräicher, 3 mol verschidde Musékstiler

Nom Dj Tony gëschter, dee säit dem éischten Teach's de Bal dobäi ass, hu mir dëst Joer eng Première mam DJ Mansaari. Hien ass zwar keen onbeschriwwent Blat an der Fabrik , leet awer déi éischte Kéier um TDB op. No laanger Zäithu mir mol rëm endlech en DJ aus eisen eegene Reien um Bal: e richtegen Teacher un den Turntables. Den Dan schafft also nach mëttes a kënnt da brav no der Schoul an d'Fabrik fir iech eng Leçon am Feieren ze ginn!

Tickets nach bis muer, Mëttwoch um 16.00. Ab dann just nach de Rescht vum Stock an der Fabrik oder an der Oweskeess.

05/01/2026

Nach gutt 4 Deeg an et heescht rëm Teach's de Bal! Eis Spots héiert dir de Moment op RTL. Haut présentéiere mir iech eisen zweete Spot. E grousse Merci un eise Sponsor Immo Leo fir d'Ënnerstëtzung: denkt un si wann dir en Objet kafen, verkafen, lounen oder verloune wëllt...eventuell sidd dir jo op der Sich no enger méi grousser Wunnéng wann dir eng Bekanntschaft um Teach's de Bal maacht...lo mol just sou als Beispill 😁 Méi Informatiounen (iwwert Immo Leo an net iwwert d'Bekanntschaft) op www.immoleo.lu, är Immobilienagence no bei Iech!

Tickets am Virverkaf ginn et nach maximal bis de Mëttwoch um 16.00 Auer!

04/01/2026

SAVE THE DATE! 09.01.26 TDB XIX
5 DJs, 3 Beräicher, 3 mol verschidde Musékstiler

Haut da mam Enfant Terrible vum Eldoradio a virun allem dem Mann, dee vun der éischter Editioun vum Teach's de Bal mat dobäi war: dem Tony Ewen aka DJ Tony. De Mann huet niewend dem Gebuertsdag vun de Kanner an dem Hochzäitsdag just ee feste Rendez-vous a sengem Kalenner: den Teach's de Bal.

Wat den Tom Jones fir Las Vegas dat ass eisen Tony fir d'Lëtzebuerger Nuetsliewen: eng fest Gréisst, eng Legend. A genau aus deem Grond hu mir keng Käschten a Méie gescheit an den Tony vum Thé Dansant am Melu op den Teach's de Bal op Miersch afléie gelooss.

Paakt also är Schweessbännercher an, well net nëmmen eis 3 industriell Heizungen am groussen Zelt mais virun allem den Tony wäerten iech uerdentlech anheizen an un d'Schweesse brengen!

Virverkaf nach bis de Mëttwoch 16.00!

04/01/2026

Nächste Freideg ass et schonn esou wäit! Ab muer de Moien leeft eise Spot dann um Radio (RTL), fir dass dir och jo net vergiesst ären Ticket ze kafen. Haut stelle mir iech eisen éischte Spot fir. E grousse Merci un eise Sponsor Holzbau Weyer fir d'Ënnerstëtzung: denkt un si wann dir Aarbéchten um Daach hutt oder doheem ausbaue wëllt (zum Beispill well dir eng Bekanntschaft um TDB gemaach hutt, Nowues usteet an dir méi Plaz doheem braucht 😁)...méi op www.holzbau-weyer.lu

Tickets kritt dir online bis de Mëttwoch 16.00 Auer, duerno musst dir dann op d'Oweskeess hoffen!

03/01/2026

SAVE THE DATE! 09.01.26 TDB XIX

5 DJs, 3 Beräicher, 3 mol verschidde Musék

De Start mécht haut den Atelier 33, eng Schlässerei wou den Dos Santos Carlos a seng Aarbéchter d'ganz Joer iwwer dem Client seng Projetën mat hirem Know-How vun engem Plang an d'Wierklechkeet emsetzen. 1 mol d'Joer raumen de Carlos a seng Ekipp d'Maschinnen op d'Säit an dann ass et un eise Resident DJs aus dem Atelier 33 un hiren Tracks ze feilen an d'Leit zum schweessen ze bréngen. Och de Freideg ass vill Know-How gefrot, well am Atelier 33 ass eng usprochsvoll Clientèle; den Drock ass héich mais de Maître Di, de Sneaky Steve an The Fedi si prett fir ze liwweren. Dëst Joer dann tatsächlech a subtropeschen Temperaturen...be ready for it!

SAVE THE DATE 09/01/26Genug vun de Feierdeeg? Da schweess d'Kalorien um Teach's de Bal raus! Dëst Joer mat 3 Heizungen a...
27/12/2025

SAVE THE DATE 09/01/26

Genug vun de Feierdeeg? Da schweess d'Kalorien um Teach's de Bal raus! Dëst Joer mat 3 Heizungen am Zelt an (oh et geschéien nach Wonner) enger fonctionnéirender Heizung am Atelier 33. D'Demande fir den Atelier 33 a "Saunaclub 33" emzebenennen leeft. An der Fabrik ass et souwiesou ëmmer gutt waarm. Fir d'Frënn vum "dry january" gëtt et dëst Joer och alkoholfräi Alternativen. Kaf elo däin Ticket op teachsdebal.lu oder an der Fabrik zu Miersch!

SAVE THE DATE! 09-01-2026here they are!TEACH'S DE BAL XIXtickets at www.teachsdebal.lu, beim Teacher vum Vertrauen an de...
05/12/2025

SAVE THE DATE! 09-01-2026

here they are!

TEACH'S DE BAL XIX

tickets at www.teachsdebal.lu, beim Teacher vum Vertrauen an demnächst an der FABRIK!

10.000€ huet Teach's de Bal de läschte Freideg un d'Associatioun Wheels Up - Hëllef fir psychesch krank Kanner ASBL gesp...
26/09/2025

10.000€ huet Teach's de Bal de läschte Freideg un d'Associatioun Wheels Up - Hëllef fir psychesch krank Kanner ASBL gespent. Heimat ënnerstëtze mir hir wäertvoll Aarbecht am Beräich vun der mentaler Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher. Sou e groussen Don ass natierlech just méiglech duerch d'Ënnerstëtzung vun eise Sponsoren, der Gemeng Miersch, der ganzer Ekipp vun der Fabrik, dem Carlos aus dem Atelier 33 a ganz besonneg duerch iech alleguer, déi den Teach's de Bal all Joer zu engem Erfolleg maachen! E grousse MERCI un iech all!

12/01/2025

Cut from my DJ Set at "Teachs de Bal 2025" Electronic Stage Enjoy a mix "from classic to modern" Bun of my most preferred tracks 1995 until today! Enjoy & cheers

Adresse

11, Rue De La Piscine
Mersch
7572

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque teachsdebal.lu a.s.b.l. publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager