Musek am Syrdall

Musek am Syrdall Organisatioun vu Live Concerten am Osten vu Lëtzebuerg

[Fotoen vum Concert Kammerata 30.4.2025]Hei drënner fannt dir de Link zu de Fotoen vun eisem allerleschten Concert vu Ka...
01/05/2025

[Fotoen vum Concert Kammerata 30.4.2025]

Hei drënner fannt dir de Link zu de Fotoen vun eisem allerleschten Concert vu Kammerata.

https://www.flickr.com/photos/jean-jos/albums/72177720325774807/

©️ Jean-Paul Engeldinger

Concert au Kulturhaus Niederanven le 30 avril 2025 Programme Roland Wiltgen (1957): Quatuor à cordes No 2 - (Première mondiale) Olivier Dartevelle (1957): Le barde et le Rapsode Quintette pour clarinette et cordes Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Klarinettenquintett A-Dur KV 581 « Kammerata L...

30/04/2025

[Fotoen Musek am Syrdall 2025]

Eis allerlescht Saison geet haut den Owend um 20:00 Auer am Kulturhaus Niederanven mam Concert vu Kammerata "Reflets musicaux – Luxembourg et au-delà" op en Enn.

Hei drënner kënnt dir iech schonn d'Fotoen vun onsen 3 aneren Concerten 2025 ukucken.

De Link vum 1. Concert mat der Menster Musek : https://www.flickr.com/photos/jean-jos/albums/72177720324811103

De Link vum 2. Concert mam Ensemble Percussion Kaleidoscope : https://www.flickr.com/photos/jean-jos/albums/72177720324811573/

De Link vum 3. Concert vum Lëtzebuerger Lidderchouer: https://www.flickr.com/photos/jean-jos/albums/72177720325700075/

Vill Spaass beim Kucken 🙂

©️ Fotoen vum Jean-Paul Engeldinger

[Concert  #4/4 - Final Season]🎶 Reflets musicaux – Luxembourg et au-delà" 🎶 🕗Mëttwoch, den 30. Abrëll um 20:00 Auer📍 Kul...
20/04/2025

[Concert #4/4 - Final Season]

🎶 Reflets musicaux – Luxembourg et au-delà" 🎶

🕗Mëttwoch, den 30. Abrëll um 20:00 Auer
📍 Kulturhaus Niederanven

Musek am Syrdall invitéiert op hiren leschten Concert mat aussergewéinleche Wierker aus dem klassesche Museksrepertoire a Verbindung mat Lëtzebuerg. Mat dobäi:

🎻 Sandrine Cantoreggi – Violon
🎻 Pascal Monlong – Violon
🎻 Susanne Martens – Alto
🎻 Cyprien Keiser – Violoncelle
🎶 Olivier Dartevelle – Clarinette

Um Programm steet ënner anerem d’Weltpremière vum "Quatuor à cordes n°2 de Wiltgen", engem Wierk, dat sech duerch seng raffinéiert Harmonie an strukturell Kloerheet auszeechent. Dëst Wierk wäert dëse Concert zu engem Schlësselmoment fir d'lëtzebuerger Musékszene maachen.

Weider spillt de bekannte Klarinettist a Komponist Olivier Dartevelle säin eegent Wierk "Le barde et le Rapsode", wat senger Kompositioun domat eng eenzegaarteg a perséinlech Dimensioun wäert ginn.

Als Oflschloss: de legendäre Quintette pour clarinette A-Dur KV 581 vum Wolfgang Amadeus Mozart, ee vun de grousse Meeschterwierker aus der Kammermuseksgeschicht, geschriwwen 1789 fir säin Frënd a Klarinettist Anton Stadler.

🎼 Programm:

Roland Wiltgen (1957)
Sträichquartett Nr. 2 – Weltpremière
- Allegro scherzando
- Adagio mesto
- Presto

Olivier Dartevelle (1957)
Le barde et le Rapsode – fir Klarinett a Sträicher
- Lent avec inspiration
- Calme
- Allegro marcato

Wolfgang Amadeus Mozart (1756–1791)
Klarinettenquintett A-Dur KV 581
- Allegro
- Larghetto
- Menuetto mat Trio
- Allegro con variazioni

Kommt mat op eng musikalesch Rees tëscht Traditioun a Modernitéit, lokalem Talent an internationale Klassiker – e Concert deen Dir net verpasse sollt!

Reservatiounen huele mir entgéint ënner
☎️770196
📧[email protected]

Mir fréeën ons op äre Besuch fir onsen zweetläschte Concert.

[Concert  #3 - Final Season)Musek am Syrdall invitéiert Iech häerzlech op de Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéier...
10/04/2025

[Concert #3 - Final Season)

Musek am Syrdall invitéiert Iech häerzlech op de Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert 9.0».

🕔Sonndeg, de 27. Abrëll um 17:00 Auer
📌SYRKUS» zu Roodt/Syr

Lidder vu fréier, Texter vu fréier, op eng originell Aart a Weis nei arrangéiert.
Lidder vun haut, Texter vun haut, nei komponéiert fir Kleng a Grouss.

Wéi schonn déi lescht Editiounen vun de Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert Inecc Luxembourg steet och dëse Concert ënnert engem Motto: Dëst Joer huet sech de Chouer vu Lëtzebuerger R***en inspiréiere gelooss. De léiwe Männchen hëlt de leschten Tram, an der klenger Chamber drénken se Miseler Wéngchen, a beim schéine Marechen zu Biereldéng gëtt d'Footballslidd gesongen...

Freet Iech op de Lëtzebuerger Lidderchouer, ënnert der Direktioun vum Jean-Paul Majerus a begleet vun Christophe Nanquette (Piano), Vedran Mutić (Kontrabass) a Boris Dinev (Percussioun).

Reservatiounen huele mir entgéint ënner
☎️770196
📧[email protected]

Mir fréeën ons op äre Besuch fir onsen zweetläschte Concert.

[Concert  #2 - Final Season]PERCUSSION KALEIDOSCOPEDësen Ensemble aus jonken, motivéierten Percussionnisten aus dem Cons...
22/03/2025

[Concert #2 - Final Season]

PERCUSSION KALEIDOSCOPE

Dësen Ensemble aus jonken, motivéierten Percussionnisten aus dem Conservatoire präsentéiert iech en ambitionnéierten an ofwiesslungsräichen Programm ënnert der Leedung vum Netty Glesener.
Kommt lauschteren an iwwerzeecht iech vun hirem Talent!

🕔 30/03/2025 - 17h00
📌 SYRKUS Roodt-Syr

Den Entrée ass fräi an ouni Reservatioun.

Mir fréeën ons op äre Besuch :)

[Concert  #1 - Final Season]OUR LAST DANCE ass net nëmmen den Titel vum Tim Kleren Music senger Kompositioun fir déi les...
11/03/2025

[Concert #1 - Final Season]

OUR LAST DANCE ass net nëmmen den Titel vum Tim Kleren Music senger Kompositioun fir déi lescht Ligne droite vu Musek am Syrdall, mee och déi passend Iwwerschrëft fir dësen éischten Concert vun eiser leschter Saison.

Mat der Menster Musek huet bei Musek am Syrdall alles ugefaangen, dofir ass et nëmmen logesch dass d'Menster Musek och bei der Finall dobäi ass. Fir dass de Concert och enger Finall würdeg ass, gëtt d'Menster Musek éischtklasseg ënnerstëtzt durch d'Solisten Charel Consbruck op der Trompett, d'Anne Berna am Gesang an den André Mergenthaler um Cello.

Loosst iech dëse Concert net entgoen!

🕔 23/03/2025 - 17h00
📌 SYRKUS Roodt-Syr

Den Entrée ass fräi an ouni Reservatioun.

Lescht Editioun vu Musek am Syrdall - Merci fir 35 Joer !No 35 Joer voller Emotioun an onvergiesslecher Musek wëlle mir ...
04/03/2025

Lescht Editioun vu Musek am Syrdall - Merci fir 35 Joer !

No 35 Joer voller Emotioun an onvergiesslecher Musek wëlle mir Iech matdeelen, dass mir 2025 déi lescht Editioun vum Musek am Syrdall organiséieren.

Säit 1988 hunn mir eis agesat fir an onser Regioun en kulturellt Emfeld ze schafen an fir de jonken Talenter eng Bühn ze bidden.

Mir mussen awer feststellen, dass déi kulturell Offer am Land an de leschten Joeren enorm gewuess ass an mir net méi esouvill Spectateuren kréien ewéi fréier. Dofir sinn mir der Meenung, dass 2025 dat richtegt Joer ass, fir eise Projet op en Enn ze bréngen.

Mir wëllen iech dofir alleguer Merci soen, dass dir dës Rees mat eis gemaach hutt – duerch Är Generositéit, Är Ënnerstëtzung a Léift zur Musek!

⬇️Kuckt hei drënner de Programm vun eiser 36. Saison a freet Iech op déi lescht Konzerten! ⬇️

Reservéiert Är Plazen wéi gewinnt:
☎️ 770196
📧 [email protected]

Merci an bis geschwënn!

[Concert  #4 - 2024]"Coming Home – Moving On" mam Mathieu Clement Quintet, heescht et dëse Sonndeg am Kulturhaus Niedera...
22/04/2024

[Concert #4 - 2024]

"Coming Home – Moving On" mam Mathieu Clement Quintet, heescht et dëse Sonndeg am Kulturhaus Niederanven.

🕔 28.04.2024 um 17h00
📍 Kulturhaus Niederanven

No der Release vum éischten Album „Coming Home“ 2023 mat Concerten zu Wien, Salzburg, Dresden, Leipzig, am Kölner Stadtgarten, etc kënnt de Mathieu Clement mat verwandelter Band rëm op Lëtzebuerg, fir nei Kompositiounen an nei Arrangementer ze presentéieren.

Et trieden op:
Jakob Manz, alto saxophone
Victor Károly Fox, tenor saxophone
Leon Hattori, piano
Jakob Jäger, bass
Mathieu Clement, drums

Sidd gespaant op fetzege Swing, romantesch Melodien a beweegend Grooves.

⬇️⬇️Reserveiert elo är Plazen⬇️⬇️

📧 [email protected]
☎️ 770 196

Mir fréeën ons op är Präsenz a soen elo schonns villmools Merci fir är Ennerstetzung fir des 35. Editioun vu Musek am Syrdall.

[Concert  #3 2024]Musek am Syrdall invitéiert härzlech op de Concert vum Ensemble Ad LibitumCiaconna, Passacaglia, Groun...
15/04/2024

[Concert #3 2024]

Musek am Syrdall invitéiert härzlech op de Concert vum Ensemble Ad Libitum

Ciaconna, Passacaglia, Grounds & more

🕔 21. Abrëll 2024 um 17:00 Auer
📍 zu Rued-Syr an der Porkierch

Den Ensemble setzt sech aus folgenden Artisten zesummen:

Barbara Pierlot, Sopran
Idoia Bengoa, Flauto & Dulciane
Caroline Reuter & Johanna Weirich, Violine
Beate Wins, Viola da gamba
Anne Clement, Kontrabass
Rosch Mirkes, Cembalo & Orgel
Al Ginter, Schlagzeug

Solist: Jitz Jeitz, Tenorsax & Bassklarinette

Den Ensemble AD LIBITUM an Jitz Jeitz verschmëlzen d'Epochen an d'Genren - Barock trëfft op Jazz. Verschidden Sträichinstrumenter treffen op de Saxophon an markant Batterieakzenter.
Begleet gëtt dat Ganzt vun den waarme Kläng vun der Sopranistin Barbara Pierlot.

Um Programm stinn Wierker vum Bertali, Falconieri, Landi, Matteis, Merula, Monteverdi oder och nach Purcell.

Loosst Iech dës Geleegenheet net entgoen!

⬇️⬇️Reservéiert elo Är Plazen⬇️⬇️

☎️ 770 196
📧 [email protected]

Mir fréeën ons op Är Präsenz.

[Concert  #2 2024]Musek am Syrdall invitéiert häerzlech op de Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert...
31/03/2024

[Concert #2 2024]

Musek am Syrdall invitéiert häerzlech op de Concert
«Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert 8.0».

🕔 Sonndeg, de 14. Abrëll um 17:00 Auer
📍 Syrkus Roodt/Syre.

Lidder vu fréier, Texter vu fréier, op eng originell Aart a Weis nei arrangéiert.

Lidder vun haut, Texter vun haut, nei komponéiert fir Kleng a Grouss.

Et ass dem Inecc Luxembourg e grousst Ulei­es eise räiche Lëtzebuerger Lidder- Repertoire méi bekannt a public ze maachen. Mat neien zäitgeméissen Arrangementer soll dëse Repertoire de jonke Sänger, Gruppen, Bands a Chéier zougänglech an attraktiv gemaach ginn. Rezent Popsongs an nei komponéiert Lidder ginn dobäi grad esou berécksiichtegt wéi eise musikalesche Patrimoine.

Den traditionelle Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert» feiert säin 10. Gebuertsdag! Zäit fir déi flottste Stécker aus de leschten 10 Joer R***e passéieren ze loossen. Als Gebuertsdagskaddo gëtt et och e puer ganz nei Lidder aus der Fieder vun eise laangjäregen Arrangeuren a Komponisten.

Freet Iech op de Lëtzebuerger Lidderchouer, ënnert der Direktioun vum Jean-Paul Majerus a begleet vun Christophe Nanquette (Piano), Marc Demuth (Kontrabass) a Boris Dinev (Percussioun).

Moderatioun: Camille Kerger.

⬇️⬇️Reservéiert elo Är Plazen⬇️⬇️

☎️ 770 196
📧 [email protected]

Mir fréeën ons op äre Besuch.

[Concert  #1 - 2024]Den éischten Concert vun onser 35. Saison Musicale steet ënnert dem Titel "BEETHOVEN DER EUROPÄER" a...
15/03/2024

[Concert #1 - 2024]

Den éischten Concert vun onser 35. Saison Musicale steet ënnert dem Titel "BEETHOVEN DER EUROPÄER" an gëtt opgefouert vun Les Amis du Chant Luxembourg, ënnert der Leedung vum Fränz Theis.
Begleet ginn sie vum JAC-Trio vu Lübeck.

Reserveiert elo är Plazen a kommt dem Beethoven seng Interpretatiounen vun de Vollekslidder aus dem 19. Joerhonnert lauschteren.

📍 Syrkus Roodt/Syre
🕔 Sonndeg, den 24.03.2024 um 17h00

Reservatiounen:
📧 [email protected]
☎️ 770 196

Mir fréeën ons op äre Besuch.

Adresse

Rue De L'école
Mensdorf

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Musek am Syrdall publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager