17/04/2026
Mir siichen e neie Regisseur / eng nei Regisseurin:
Theaterfrënn Mansfeldia Clausen ASBL sinn op der Siich no engem oder enger motivéierter Regisseur*in, deen oder déi mat Häerzblutt an Teamgeescht mat eis zesummeschaffe wëll.
Erfarung am Amateur- oder professionnelen Theater ass wënschenswäert, awer net onbedéngt néideg. Wichteg sinn Interessi an Freed um Theater, d'Loscht an den Wëllen Leit ze motivéieren vir zesummen eppes Flottes an Schéines op d'Bee ze stellen an op der Bühn ëmzesetzen.
Bei Intressi mellt Iech gären bei eis — mir freeën eis op är Noriicht oder aeren Mail op [email protected] !
Send a message to learn more