11/10/2026
🧵✂️ 50 ass dat neit 30… an elo gëtt gebitzt! 😂💕
Wousst Du schonn, datt ech och Bitzworkshops am Mosaïque Club zu Esch ubidden? 😍
An elo kënnt dat Bescht: Do dierfs du scho mat 50 Joër dobäi sinn! 🥳
Also, u meng léif Follower vun 50+: Wanns du Loscht hues, mol eppes Neies ze léieren, kreativ ze ginn oder einfach e puer flott Stonnen a gudder Gesellschaft ze verbréngen, da bass du hei genee richteg! 🩷
Et gëtt gebitzt, gepotert, gelaacht an um Enn hëlt jidderee säi selwer gebitzte Schätzchen mat heem. 🪡✨
A keng Panik: Du musst nach ni eng Bitzmaschinn ugepaakt hunn. Ech weisen där alles! 😉
📍 Seniorclub Mosaïque Esch/Uelzecht
🕑 14:00–17:00 Auer
🧵 Material inklusiv
💶 60 € pro Workshop
Also, wien ass 50+ a kënnt mat mär bitzen? 😜
Ech freeë mech op dech 🥰
https://www.help.lu/wp-content/uploads/HE-400_Mosaique-Septembre-2026_21aout26-WEB-1.pdf