04/08/2026
💥✨ 𝗪𝗢𝗪, 𝗲𝗲 𝗽𝗲𝗿𝗳𝗲𝗸𝘁𝗲 𝗦𝘂𝗺𝗺𝗲𝗿𝘄𝗲𝗲𝗸𝗲𝗻𝗱 𝘇𝘂 𝗘𝘀𝗰𝗵-𝗦𝗮𝘂𝗲𝗿! 🤩🎉
Samschdes stoung alles am Zeeche vum 𝗧𝗨𝗡𝗡𝗘𝗟 𝗩𝗜𝗦𝗜𝗢𝗡 - mat dem NOSI, GLN an DJ Karier gouf den Tunnel an eng Danzpist verwandelt. Déi aussergewéinlech Location, eng fantastesch Stëmmung an e Public, dee bis an d'Nuecht era gefeiert huet, hunn dësen Owend zu engem onvergiesslechen Erliefnis gemaach. 🕺🎶
Freides a Sonndes konnt een am Haff vun der aler Schoul beim 𝗢𝗣𝗘𝗡 𝗔𝗜𝗥 𝗞𝗜𝗡𝗢 gemittlech Filmowenter ënner fräiem Himmel genéissen. Bei beschtem Summerwieder ware vill Leit um Rendez-vous, fir zesummen an enger flotter Atmosphär Filmer ze kucken an déi besonnesch Ambiance ze erliewen.🍿🎬☀️
E ganz grousse 𝗠𝗘𝗥𝗖𝗜 geet un all eis Visiteuren, eis Benevollen, eis Partner an un all déi, déi mat hirer Hëllef an hirem Engagement dozou bäigedroen hunn, dëse Weekend méiglech ze maachen! ❤️
📸 De komplette Fotoalbum fannt dir iech op https://esch-sur-sure.lu/media-centre/albums-photos/
Tunnel Vision Fotoen ©Alex Schley
Open Air Kino Fotoen ©Philippe Ferber