Déifferdenger Theater

Déifferdenger Theater Den Déifferdenger Theater ass mettlerweil iwer 100 Joer all. Eist Motto ass ween hei net laacht ass selwer Schold!

D'Acteuren begeeschteren d'Leit all Joer mat 2 Theaterstécker dei +/- 13 mol an eisem Sall zu Uewerkuer gespillt gin. Den Theatersall ass an der rue Jean Gallion zu Uewerkuer (L-4569) um Eck zu der rue Prince Henri

01/05/2026
Ouschterméinde (6. Abrëll) spille mär um 18.00 Auer an Donneschdes (9. Abrëll) um 20.00 AuerMoar geet de Virverkaf lass ...
15/02/2026

Ouschterméinde (6. Abrëll) spille mär um 18.00 Auer an
Donneschdes (9. Abrëll) um 20.00 Auer
Moar geet de Virverkaf lass 🥳

Ouschterméinden spille mir um 18.00 AuerDonneschdes um 20.00 Auer
15/02/2026

Ouschterméinden spille mir um 18.00 Auer
Donneschdes um 20.00 Auer

Wéi e Fësch am WaasserD’Stéck spillt am Café Beim Bäbb. D’Malou an de Claude hunn do eng Wunneng um 3. Stack. D’Malou as...
12/02/2026

Wéi e Fësch am Waasser

D’Stéck spillt am Café Beim Bäbb. D’Malou an de Claude hunn do eng Wunneng um 3. Stack. D’Malou as dem Bäbb seng bescht Frëndin a péckt deem am Bistro eng Hand mat un an dofir brauchen se da kee Loyer ze bezuelen. An hirem Stot ass de Wuerm dran, si hunn sech ausernee gelieft. De Claude probéiert nach ze rette wat ze retten ass, allerdéngs mat wéineg Erfolleg. Hatt huet sech arrangéiert. Net ganz onschëlleg dorun ass de Fred, ee wéinst diversen Iwwergrëffer suspendéierte Flic mat enger grousser Schnëss, deen sech e Spaass draus mécht, vermeintlech méi schwaach Individuen ze kujenéieren. Ëmmer u senger Säit de Georges, fir deen de Fred esou eng Aart Idol ass. Et brauch wuel net extra betount ze ginn, dass déi zwee beim Bäbb senger Stammklientel net gär gesi sinn. Scho guer net beim Claude, fir deen ass de Fred ee rout Duch.

Dëst ass kee Klamauk!
Trotzdeem däerf häerzhaft gelaacht ginn.

Et spillen: Vera Gaddé, Pierre Lorang, Roland Flenghi, Claude Leus, Romain Graul, Jules Orlando, Rachel Flenghi, Patricia Breuer an Adriano Magnoni

Regie: Jean- Marc Calderoni
Assistenz: Romy Bei-Angeloni, Muriel Galeazzi a Chantal Mentz-Nether
Technik; Mike Kayser an Arnold Bosseler
Bünebild: Anne Schadeck
Bünebau: Technesch Equipe vum TMD

09/02/2026

Standing Ovation gëschter zu Uewerkuer am Sall vum TMD. Eng weider Virstellung mar, Sonnden den 25. Januarhttps://tmd.lu...
24/01/2026

Standing Ovation gëschter zu Uewerkuer am Sall vum TMD. Eng weider Virstellung mar, Sonnden den 25. Januar
https://tmd.lu/?page_id=33

12/01/2026

Reservatiounen op tmd.lu

Adresse

Differdange
4569

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Déifferdenger Theater publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Déifferdenger Theater:

Partager