Philharmonie Municipale Diekirch

Philharmonie Municipale Diekirch Philharmonie Municipale de Diekrich D'Dikricher Lett waren nach ëmmer musikalesch...
..mee eréischt nodeems den 11. Gebuertsdaag vum Hafen, oder 2007 am Tirol.

Mä 1867 zu London ënner anerem beschloss gouf d'preisesch Garnisoun misst eist, vun desem Moment un onofhängegt an neutraalt Ländchen, verloossen, woumat selbstverständlech och di Dikricher Garnisounsmusek vum 2. Jägerbatailloun, déi an der Emgéigend bei wäitem dominéiert huet, ofgezu ginn ass, konnt sech d'Dikricher Musiksgesellschaft richteg forméieren. No grad emol e bëssen méi wi engem Jar, de

n 15. November 1868, ass d'Philharmonie Municipale dunn offiziell gegrënnt ginn. Als éischten Präsident gouf den Prosper Brassel (1868 - 1884) ernannt. Di musikalesch Leedung ënnerlouch dem Jean-Pierre Fischer (1868 - 1890). Am Laf vun den Jaren huet nët nëmmen den Stil, mä och d'Qualitéit vun der Philharmmonie sech verännert. Nodeems d'Musik sech en gudden Numm an der Emgéigend an iwwerhaapt am ganzen Land gemaach hat, sinn d'Musikanten och am Ausland hirer Leidenschaft nogaang. Muncher een erënnert sech nach mat Freed zum Beispill un d'Konzerten 1963 zu Ostende, 1975 zu Zell am See, 1989 zu Hamburg am Kader vum 800. Am Laf vun desen Jaren waren och zwee aner jonk Männer Dirigent vun der Musek, déi och haut nach een Numm zu Dikrich hunn. Geméngt sinn natiirlech den Théo Schalz (1965 - 1979) an den Joé Dudzinski (1982 - 1997). 2000 huet de Luc Rodenmacher den Dirigentestaf iwwerholl. Säit dem Januar 2016 stinn mir ennert Direktioun vum Ernie Hammes. No der 125-Jarfeier am Joër 1993 huet di Dikircher Philharmonie sech op een Neits der Zäit ugepasst an hir Konzerten ëmmer ërem matt verschiddene Spektakelen verbonnen. Groussen Erfolleg huet nët nëmmen d'Serie vun den "No Limits Show-Concert'en" kannt, mä och d'Konzept vum "Classical Moments", deen 2000 eng éischten Kéier stattfonnt huet, oder den aktuellen Konzept "PMD meets...". D'Visite vun engem weltbekannten Komponist, an der Persoun vum hollänneschen Johann de Méij am Kader vum "Classical Moments 2007", oder den Musical "Love @ Music" weisen, dass di Dikricher Musikanten qualifizéiert an motivéiert genuch sinn, fir och an Zukunft hirem treien Public onvergiesslech Momenter fir d'Oueren, wéi fir d'An unzebidden.

21/07/2026

🎂🥂🍾🥳
d’Dikricher Musik wënscht hirem Präsident Robert Bohnert alles Guddes fir den 80. Gebuertsdag an eng schéi Vakanz! 🎺🪊🥁

Instrumenten-Atelier gëster um   vum Syndicat Initiative Diekirch 🎶🥁🎺🪊
19/07/2026

Instrumenten-Atelier gëster um vum Syndicat Initiative Diekirch 🎶🥁🎺🪊

Merci och  ! 😆nach weider Biller vun eisem Concert Symphony Under the Stars 🎶 ⤵️
13/07/2026

Merci och ! 😆
nach weider Biller vun eisem Concert Symphony Under the Stars 🎶 ⤵️

hei nach e puer Andreck vun eisem Summerconcert gëster op   🎶🤩
13/07/2026

hei nach e puer Andreck vun eisem Summerconcert gëster op 🎶🤩

emmer neess flott op   🎶🫏
12/07/2026

emmer neess flott op 🎶🫏

  steet virun der Dier! 🥳   ass natierlech och nees mat um Dill: e Freideg fir  , samsdes um   an e Sonndig Owend dann e...
09/07/2026

steet virun der Dier! 🥳 ass natierlech och nees mat um Dill: e Freideg fir , samsdes um an e Sonndig Owend dann eise Concert Symphony Under the Stars um Bottermaart 🎶

Al Dikkrich 2026: PMD in Concert - Symphony Under the Stars 🎶
02/07/2026

Al Dikkrich 2026: PMD in Concert - Symphony Under the Stars 🎶

      🎺🥁🇱🇺
23/06/2026

🎺🥁🇱🇺

      🎶🎵
07/06/2026

🎶🎵

03/06/2026

Adresse

Place Auguste Wirtgen
Diekirch
9263

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Philharmonie Municipale Diekirch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager