19/08/2026
Léif Leit, léif Frënn,
Ech sinn enorm stolz a frou, Iech matzedeelen, dass ech Donneschdes 1/10, Freides 2/10 a Samschdes 3/10 zu Kayl op engem vun de schéinsten Oktoberfester präsent sinn, a suergen musikalesch fir déi beschten Stëmmung 🎶🍻🎉
Mat Vollgas wäert ech Iech während dësen dräi Owender vun den Oktoberfest-Hits bis hin zu de neisten Wiesn an Party HIts alles presentéieren, wat dozou gehéiert 🔥
Fir mech ass dat e ganz besonneschen Event, an ech freeë mech immens drop, zesumme mat Iech, 3 onvergiesslech Owender ze erliewen an all Gaascht a Frënd positiv ze iwwerraschen.
Ech kann et kaum erwaarden! 🥳🍻