19/06/2023
Léif Wielerinnen a Wieler, léif Biergerinnen a Bierger,
Am Numm vu der Biergerlëscht Beefort, Déiljen a Grondhaff soen ech Iech nach eng Kéier en häerzleche Merci fir d’Vertrauen, dat dir eis den 11. Juni geschenkt hutt. Méi wéi 40% vun de Stëmmen ass net näischt a beweist, dat Beefort frësche Wand brauch a wëll.
Dir hutt awer och all matkritt, wat läscht Woch an de Medien lass war. Wa de Gemengerot zu Beefort nach net bestätegt ginn ass, ass dat, wëll iwwert mäi Wunnsëtz enquêtéiert gëtt. Leider si Plainten géint mech déposéiert gin, mäi Resultat vun 836 Stëmmen schéngt verschidde Léit ze stéieren.
Och wann ech säit 2007 zu Befort wunnen a schaffen, hun ech 2021 an der Corona-Crise missen Léisunge fannen, fir mäi Restaurant a virun allem meng Privatsituatioun ze retten.
No 9 Méint „Fermeture forcée“ an iwert 1 Joer ouni Salaire hu Familljefrënn vu Beefort mir am Abrëll 2021 erméiglecht, bei sie fir näischt wunnen ze goen, fir esou e puer Loyer’en kënnen anzespueren. No 3 Méint sinn ech schlussendlech an Däitschland gelant, wou ech mat engem niddrege Loyer lues a lues erëm Fouss konnt faassen. Ugemellt hunn ech mech an Däitschland nie, wëll dat fir mech eng provisoresch Ënnerkunft sollt sin.
Duerch mäi Restaurant verbréngen ech all Dag tëschent 10 a 16 Stonnen zu Beefort a dat säit 16 Joer, dowéinst hun ech meng Adress bei menge Frënn gehalen, wëll ech souwisou geplangt hat, ganz zeréck op Beefort ze kommen, wat ech dëst Joer dann och gemaach hun. Leider hun ech mech dofir e bëssi ze spéit ugeluecht. An dotëschent war ech ënner anerem 11 Deeg vun der Gemeng ofgemellt ginn an hun domat net all Critère vum Walgesetz erfëllt.
Wou ech mat der Biergerlëscht an d’Wale gaange sin, hate mir e gemeinsamt Ziel a mat äre Stëmmen hu mir et mat 4 Sëtz an de Gemengerot gepackt.
Dat mir haut musse streiden iwert wien e Sëtz am Gemengerot dierf kréien oder net, an dat ech mech muss rechtfäerdegen, wou ech nuets schlofe gin, dofir hun ech mech net opgesat, an dat ass warscheinlech och net dem Wieler säi Wëllen.
Fir eng harmonesch a professionell Zesummenaarbecht tëscht denen 2 Parteien an e staarke Gemengerot fir die nächst 6 Joer ze garantéiren, hun ech no Ofsprooch mat menge Parteikolleegen `t Decisioun getraff, mäi Mandat un eise 5. beschtgewielte Member Anne Kohl-Kortum ofzetrieden, wat mat sengen 442 Stëmmen en éierbare Score higeluecht huet a domat och méi Stëmmen erzielt huet ewéi die 2 lescht Kandidaten vu den 11 Gewielten.
Dës Decisioun ass mer net einfach gefall, et soll awer am eenzegen Interessi a Sënn fir Beefort sin, esou wéi zum Schutz eiser eegener Partei.
Mat 836 Stëmmen hutt dir mir äert Vertrauen bewisen an ech wollt iech sécher net mat menge Verspriechen enttäuschen. Leider hun ech bei menger Kandidatur en Form-Feeler gemaach, dee mer zum Verhängnes gin ass. Och wann ech net am Gemengerot wäert sëtzen, kann ech iech Eent verspriechen, nämlech dat ech hannert de Coulissen 836% wäert gin fir gemeinsam eis Zieler z’erreechen a fir a 6 Joer nach méi staark erëmzekommen.
Zu 8 si mir an d’Wale gaangen, zu 4 si mir a de Gemengerot komm, zu 8 wäerte mir weiderschaffen.
Ech bieden iech em äert Versteesdemech, ech mengersäits wäert iech net am Stach loossen.
Ären Dario Ballanti