Theaterfrënn Bieles asbl

Theaterfrënn Bieles asbl Theatertruppe aus Belvaux, Luxemburg

Theaterfrënn Bieles wënschen iech alleguer schéi Chrëschtfeierdeeg  a vill Freed am Krees vun ären Léifsten 💫
24/12/2025

Theaterfrënn Bieles wënschen iech alleguer schéi Chrëschtfeierdeeg a vill Freed am Krees vun ären Léifsten 💫

04/12/2025

An hei sinn se: eis Nominéierunge fir d'Bam-Challenge 🌳 nodeems mir lescht Woch eis Beem geplanzt hunn, ass et un iech 🫵

Fir eisen Nëssert nominéiere mir: club_bouliste_lasauvage, cultureclubsuessem an Käerjénger Theater

Fir eisen Dännebeemchen nominéiere mir:
Entente vun de Suessemer Veräiner, de Kleeschen an d'Chrëschtkëndchen

Dir hutt 72 Stonnen Zäit fir äre Bam ze planzen, anerwäerts loosse mir eis um nächste Fest mat Iessen a Gedrénks vun iech verwinne🍷

🌱 Mir wënschen iech all vill Spaass beim Bam planzen!

Iwwer 800 Spectateuren hunn dëst Joer de Wee op Bieles an de Festsall fonnt an hu gespaant de Chaos an der Wunneng vun d...
03/12/2025

Iwwer 800 Spectateuren hunn dëst Joer de Wee op Bieles an de Festsall fonnt an hu gespaant de Chaos an der Wunneng vun de Schmitt'e verfollegt – a mir si méi wéi dankbar fir all eenzele vun Iech! 🙌
E riesegen MERCI geet och un all eis Benevole, déi mat vill Freed, Häerz an Energie dobäi waren –
🎭 op der Bün,
🎚️ an der Technik,
🍻 hannert der Buvette,
🎁 bei der Tombola,
💛 an um Don-Stand.

Ouni ären Asaz, äert Engagement an ären Teamgeescht géif näischt esou gutt Hand an Hand funktionéieren. Mir si houfreg op eis ganz Equipe – an immens frou iwwer all neie Member, deen dëst Joer bei eis dobäi komm ass.

Merci fir 7 spektakulär Virstellungen! ✨

Merci un Lënster Theaterfrënn '93 fir d’Nominéierung bei der  . Eise Bam ass geplanzt! 🌳💪 Merci der Gemeng Suessem fir h...
25/11/2025

Merci un Lënster Theaterfrënn '93 fir d’Nominéierung bei der . Eise Bam ass geplanzt! 🌳💪

Merci der Gemeng Suessem fir hir Ënnerstëtzung mat engem Bam an enger passender Plaz 🪏

Mat de Nominéierunge loosse mir eis nach Zäit bis no eiser Dernière 🎭 Haalt Aen an Oueren op, eventuell ass äre Veräin jo deen nächsten Nominéierte 👀

Muer ass et endlech esou wäit: Première!😍 D'Bün, Technik, Buvette a natierlech eis Acteuren si prett a freeën sech op e ...
07/11/2025

Muer ass et endlech esou wäit: Première!😍 D'Bün, Technik, Buvette a natierlech eis Acteuren si prett a freeën sech op e super Publikum!

❗️ E puer Plaze sinn nach fir muer ze kréie🪑 reservéiert elo nach schnell iwwert Facebook, Telefon (661 243 537) oder eisen Internetsite (www.tfb.lu)

🎟️ Wéini: 8. November um 20h00
📍 Wou: Gemeng Suessem

Deelt dëse Bäitrag fläisseg, villäicht hunn är Kolleegen nach keng Plaze reservéiert☺️

80% vun de Plaze si scho fort! Merci villmools 😁 Maacht Iech bäi 😁 www.tfb.lu
28/10/2025

80% vun de Plaze si scho fort! Merci villmools 😁 Maacht Iech bäi 😁 www.tfb.lu

D’Virfreed ass grouss! Mir freeën eis iwwert déi riseg Nofro fir eis neit Theaterstéck 🥳Scho 70 % vun de Plazen si verka...
22/10/2025

D’Virfreed ass grouss! Mir freeën eis iwwert déi riseg Nofro fir eis neit Theaterstéck 🥳
Scho 70 % vun de Plazen si verkaaft – e grousse Merci un all déi, déi sech schonn Tickete geséchert hunn! 💜

📅 Reservatiounen si méiglech iwwer Telefon, E-Mail oder bequeem online:
📞 661 243 537 (13h–15h)
📧 [email protected]
💻 www.tfb.lu

Theaterprouwen lafen op Héischtouren 💪 dëse sympatesche Grupp steet dëst Joer nees op der Bün a schafft zanter September...
21/10/2025

Theaterprouwen lafen op Héischtouren 💪 dëse sympatesche Grupp steet dëst Joer nees op der Bün a schafft zanter September mat vill Engagement un engem flotten Owend fir iech 🎭

❗️ 2/3 vun de Plazen sinn fort - also maacht iech séier bäi a reservéiert är Plazen per Mail, Telefon oder iwwert eisen Internetsite

📞 661 243 537 (13h–15h)
📧 [email protected]
💻 www.tfb.lu

An manner wéi engem Mount heescht et am Festsall zu Bieles nees Riddo op fir all Theaterfrënn!Dëst Joer presentéiere mir...
10/10/2025

An manner wéi engem Mount heescht et am Festsall zu Bieles nees Riddo op fir all Theaterfrënn!
Dëst Joer presentéiere mir d’Stéck „Ee Schmitt wunnt seelen eleng“ vum Andreas Heck, iwwersat an adaptéiert vum Marc Leyers.

Wéivill Schmitt’en passen eigentlech an eng Bieleser Wunneng?
Kommt laanscht a fannt et zesumme mat eis eraus! 😄

📅 Reservatioune si méiglech ab dem 13. Oktober
Ganz einfach iwwer Telefon, E-Mail oder bequem online:
📞 661 243 537 (13h–15h)
📧 [email protected]
💻 www.tfb.lu

Mir freeën eis drop, mat Iech zesummen en onvergiesslechen Theaterowend ze erliewen! 🌟

🎭 Save the Date! 🎭Theaterfrënn Bieles invitéiert Iech ganz häerzlech op eis nächst Theatervirstellung!📍 Wou? Festsall vu...
22/09/2025

🎭 Save the Date! 🎭

Theaterfrënn Bieles invitéiert Iech ganz häerzlech op eis nächst Theatervirstellung!

📍 Wou? Festsall vun der Gemeng zu Bieles

D’Detailer komme geschwënn – mee notéiert Iech de Rendez-vous elo schonn am Kalenner!

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352661243537

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Theaterfrënn Bieles asbl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Theaterfrënn Bieles asbl:

Partager