09/08/2026
Fir all déi, déi drun zweifelen, datt et méiglech ass eng Steenzopp ze kachen, déi kënne gären bei de Familljen, déi um Summerdream gëscht bei eis waren, nofroen. Dat geet ! merci iech all fir déi léif Ënnerstëtzung beim Kachen, ouni iech wär se ganz sécher net gelongen! A vergiesst net beim nächsten Zoppekachen, de Steen an d'Waasser ze leeën. Ajo, ier ech et vergiessen, et ass keen Zaubersteen! , mee en hondsgewéinlechen Steen.