17/05/2026
Hei sinn e puer Andréck vun eisem Concert vum leschte Sonndeg, den 10. Mee 2026, wou mir eisem President Jos Weber villmools Merci gesot hunn fir seng 31 Joer am Comité. No 15 Joer als President huet hien dëse Posten aus private Grënn leider missen ofginn. Als Musek war et eis wichteg, him mat engem klenge Cadeau Merci ze soen, fir datt hien och weiderhin un eis denkt.
Op dëser Plaz wënsche mir och dem neie President Carlo Zwank vill Erfolleg a vill Freed a senger neier Aufgab.