Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg

Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg Theater

🔜 Haut a muer sinn eis zwou lescht Virstellungen.  Sécher Iech nach séier déi lescht Plazen op www.theaterfsa.lu 🤗
30/01/2026

🔜 Haut a muer sinn eis zwou lescht Virstellungen. Sécher Iech nach séier déi lescht Plazen op www.theaterfsa.lu 🤗

🔜 Haut ass Première vun eisem Stéck « 1 Millioun an 2 Affären ».Fir déi ganz spontan sinn den Owend an der Oweskeess nac...
24/01/2026

🔜 Haut ass Première vun eisem Stéck « 1 Millioun an 2 Affären ».
Fir déi ganz spontan sinn den Owend an der Oweskeess nach e puer Ticketen ze kréien!
Fir déi aner Virstellungen kënnt Dir Aer Ticketen op www.theaterfsa.lu reservéieren!
Mir freeën eis op Iech! 🤗

⏳An enger Woch ass d’Première vun eisem neien Theaterstéck « 1 Millioun an 2 Affären »!!!🔜 Reservéiert Iech nach séier A...
17/01/2026

⏳An enger Woch ass d’Première vun eisem neien Theaterstéck « 1 Millioun an 2 Affären »!!!

🔜 Reservéiert Iech nach séier Aer Ticketen op www.theaterfsa.lu

Theaterstéck:  “1 Millioun an 2 Affären”Slapstick, Witz a vill Verwiesslungen!De Postbeamte Benno sicht d’Léift - a fënn...
27/12/2025

Theaterstéck: “1 Millioun an 2 Affären”
Slapstick, Witz a vill Verwiesslungen!
De Postbeamte Benno sicht d’Léift - a fënnt de Chaos: zwou Affären, en Iwwerfall, e rosenen Ehemann an eng Millioun Euro, déi op eemol am falsche Stot läit.
Wien ass wierklech de Postraiber? A wéi kënnt de Benno erëm aus der Patsch?
Eng sprëtzeg Komedie nom Hans Gmür – mat vill Tempo, Pointen a gudder Laun garantéiert!
Gespillt vum Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg am Veräinshaus zu Schous op der Héicht:
- Samschdes, den 24. Januar 2026 um 20:15 Auer
- Sonndes, de 25. Januar 2026 um 15:00 Auer
- Freides, den 30. Januar 2026 um 20:15
- Samschdes, den 31. Januar 2026 um 20:15
Reservatiounen op www.theaterfsa.lu an um 621640349

09/12/2025

🌳Nodeems mir virun enger Zäit vun de Lënster Theaterfrënn '93 nominéiert goufen, war et dann haut endlech sou wäit an eise Bam steet elo ganz houfreg zu Schous op der Héicht. 🤗

🙏 E grousse Merci un d’Gemeng Fëschbech!

Mir nominéieren:
- Theaterfrënn Pëtten
- Theaterveräin Bühn'93
- Amicale Pompjeeën Gemeng Fëschbech

📆 Dir sidd ausserdem all ganz häerzlech invitéiert, de 24., 25, 30. oder 31. Januar 2026 eist neit Theaterstéck “1 Millioun an 2 Affären” bei eis op d’Héicht kucken ze kommen! 😉

Theaterstéck:  “1 Millioun an 2 Affären”Slapstick, Witz a vill Verwiesslungen!De Postbeamte Benno sicht d’Léift - a fënn...
07/12/2025

Theaterstéck: “1 Millioun an 2 Affären”
Slapstick, Witz a vill Verwiesslungen!

De Postbeamte Benno sicht d’Léift - a fënnt de Chaos: zwou Affären, en Iwwerfall, e rosenen Ehemann an eng Millioun Euro, déi op eemol am falsche Stot läit.
Wien ass wierklech de Postraiber? A wéi kënnt de Benno erëm aus der Patsch?
Eng sprëtzeg Komedie nom Hans Gmür – mat vill Tempo, Pointen a gudder Laun garantéiert!

Gespillt vum Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg am Veräinshaus zu Schous op der Héicht:
- Samschdes, den 24. Januar 2026 um 20:15 Auer
- Sonndes, de 25. Januar 2026 um 15:00 Auer
- Freides, den 30. Januar 2026 um 20:15
- Samschdes, den 31. Januar 2026 um 20:15

Reservatiounen ab November op www.theaterfsa.lu an um 621640349

🤗 Mir freeën eis dëst Joer, fir eist neit Theaterstéck « 1 Million an 2 Affären », nieft dem Marie Lahaye, Claudine Kont...
15/11/2025

🤗 Mir freeën eis dëst Joer, fir eist neit Theaterstéck « 1 Million an 2 Affären », nieft dem Marie Lahaye, Claudine Konter, Francine Frisch-Harles, Misch Dahm, Vanessa Lommer, Felix Miny, Tanja Hollman, an Anna Dahm, mam Olivier Miltgen een neie Member op der Bün begréissen ze kënnen. 💪🏼
🎭 D’Regie maache wéi gewinnt d’Triny Fischbach an d’Anne Roth a fir d’Technik sinn de Jürgen Konter an de Lucien Karier verantwortlech. 🎶

🛠️Och eis Equipe vu Bünebauer ass scho gutt um Plangen a wärend de Virstellunge suergen eis Membere nees fir Iessen a Gedrénks. 🥂

📆 Gespillt gëtt am Veräinshaus zu Schous op der Héicht, an dat:
- Samschdes, de 24. Januar 2026 um 20:15 Auer
- Sonndes, de 25. Januar 2026 um 15:00 Auer
- Freides, den 30. Januar 2026 um 20:15
- Samschdes, den 31. Januar 2026 um 20:15

🔜 Reservéiere kënnt Dir ab muer op www.theaterfsa.lu an um 621640349

Mir freeën eis op Iech!

📷 Foto: Mike Diener

Karikatur vum Vincent Karier fir eist neit Stéck "1 Millioun an 2 Affären", dat mir de 24., 25., 30. an 31. Januar 2026 ...
04/11/2025

Karikatur vum Vincent Karier fir eist neit Stéck "1 Millioun an 2 Affären", dat mir de 24., 25., 30. an 31. Januar 2026 zu Schous op der Héicht spillen.
An e puer Woche ginn d'Reservatiounen op! Stay tuned!

📖 Leschte Méinden hate mir eis Liesprouf fir dat neit Stéck “1 Millioun an 2 Affären”, dat mir de 24., 25., 30. an 31. J...
09/10/2025

📖 Leschte Méinden hate mir eis Liesprouf fir dat neit Stéck “1 Millioun an 2 Affären”, dat mir de 24., 25., 30. an 31. Januar 2026 zu Schous op der Héicht wäerten opféieren. 🎭
ℹ️ Geschwë kritt Dir méi Detailer! 📆

🎭 Fir datt eis Theatervirstellunge gelénge, muss net nëmmen op der Bün vill geschafft ginn, mee och hannendrun, niewendr...
05/02/2025

🎭 Fir datt eis Theatervirstellunge gelénge, muss net nëmmen op der Bün vill geschafft ginn, mee och hannendrun, niewendrun a virdrun! 💪🏼

📸 Dofir hei e puer "behind the scenes" Impressiounen, geknipst vum Yves Reiser! 📷

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Theaterveräin Fëschbech-Schous-Angsbreg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager